E Sonndeg stoung am nationale Futtballchampionnat d’Suite vum 17. Spilldag um Programm.
E Samschdeg konnt sech Wolz zum Optakt vum 17. Spilldag mat 3:0 zu Monnerech duerchsetzen.
Den Tabelleleader Hesper huet sech am Duell géint de Racing eng 3:1-Victoire geséchert. Am Stade Achille Hemmerel hat d’Lokalekipp déi besser Ufanksphas erwëscht. De Simon an den Ngoma hate bannent den éischte 15 Minutten zwou Golchancen, déi awer net richteg genotzt konnte ginn. Duerno huet de Swift dann och selwer ëmmer méi um Match deelgeholl an de Wee virun de géigneresche Strofraum fonnt. An enger ausgeglachener Partie war et an der 41. Minutt dann de Stolz, deen d’Gäscht duerch en Eelefmeter a Féierung brénge konnt, dat nodeems de Simon de Couturier am Strofraum ugehalen hat.
Am zweeten Duerchgang war Hesper elo déi besser Ekipp, huet sech no enger gudder Eenzelaktioun awer den Ausgläich gefaangen. Den Ngoma konnt op 1:1 stellen an de Match domat rëm spannend maachen. Vun dësem Réckschlag hu sech d’Gäscht net laang missten erhuelen, wéi nëmmen dräi Minutte méi spéit de Philippe d’Féierung fir Hesper nees hierstelle konnt. Doropshin ass vum Racing net méi all ze vill komm. De Swift huet näischt méi ubrenne gelooss a mam Gol vum Stolz an der 88. Minutt de Match fir sech entscheet. Um Enn séchere si sech also déi dräi wichteg Punkten a bleiwe weider un der Tabellespëtzt.
An de weidere Matcher vum Dag gouf et dann eng kloer 4:0-Victoire fir Diddeleng zu Hueschtert, de Progrès setzt sech mat 1:0 géint Käerjeng duerch, Déifferdeng verléiert 2:4 zu Péiteng, d’Jeunesse behaapt sech mat 2:0 géint Rouspert, Stroossen ënnerläit Munneref mat 0:1 an d’Fola wënnt kloer mat 4:0 zu Ettelbréck.