BGL LigueHesper spréngt op Plaz 2, Diddeleng an d'Jeunesse deele sech d'Punkten

RTL Lëtzebuerg
Den Tabelleleader Déifferdeng setzt sech souverän géint Miersch duerch. Nidderkuer kënnt géint d'Fola net iwwert en 0:0 eraus.

D’Jeunesse louch géint Diddeleng laang a Féierung, muss sech um Enn awer mat engem 1:1 zefridde ginn. Am Stade Jos Nosbaum hat d’Lokalekipp vun Ufank u méi de Ball, et sollt awer d’Jeunesse sinn, déi a Féierung goe konnt. No engem Fräistouss vum Larrière aus dem Halleffeld konnt de Mendes akäppen an no 18 Minutten op 0:1 aus Diddelenger Siicht stellen. An der Suite huet d’Ekipp aus der Forge du Sud sech ëm den Ausgläich beméit, ma virun allem Hadji a Bojic huet et u Reussite gefeelt.

Diddeleng an d'Jeunesse deele sech d'Punkten
Nom 1:1 fält Diddeleng an der Tabell op déi drëtte Plaz zréck.

Am zweeten Duerchgang hat d’Jeunesse méi vum Ball an och Chancen op den nächste Gol, ma no 79 Minutten stoung den Decker bei engem Corner goldrichteg an huet de Ball zum 1:1 iwwer d’Linn gedréckt. Béid Ekippen hunn an der Schlussphas dunn op déi dräi Punkte gedréckt, ma den decisive Gol sollt kenger Formatioun méi geléngen. Duerch d’Victoire vun Hesper rutscht den F91 op Plaz 3, dat well de Swift eng besser Goldifferenz huet. Déifferdeng huet un der Spëtzt no der Victoire géint Miersch elo eng Avance vu 6 Punkten. D’Jeunesse muss iwwerdeems fir déi éischte Kéier an der Réckronn Punkten ofginn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Diddeleng - Jeunesse Esch 1:1
0:1 Mendes (18'), 1:1 Decker (79')

Déifferdeng - Miersch 2:0
1:0 Jorginho (14', Eelefmeter), 2:0 Jorginho (68')

Käerjeng - Hesper 1:3
0:1 Simon (4'), 0:2 Sinani (13'), 1:2 Corral (20'), 1:3 Holzhauser (90+7')

Fola Esch - Nidderkuer 0:0

Racing - Rouspert 0:3
0:1 El Idrissi (12'), 0:2 El Idrissi (55'), 0:3 Bouché (71')

Monnerech - Péiteng 0:3
0:1 Laukart (26'), 0:2 Dupays (68'), 0:3 Sarr (90+5')

Stroossen - Wolz 1:1
0:1 Saidi (49'), 1:1 Azong (53')

Munneref - Schëffleng 3:3
1:0 Kumbi (22'), 1:1 Coulibaly (47'), 1:2 Mabanza (54'), 2:2 Fernandes (73'), 2:3 Edjongo (80'), 3:3 Simon (90+3')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO