
Den 19 Joer alen Dän Holger Rune huet sech beim ATP Masters zu Paräis duerchgesat. An enger Finall, déi iwwer zwou Stonne gedauert huet, konnt den Dän sech an dräi Sätz mat 3:6, 6:3 a 7:5 behaapten.
An der Véierelsfinall hat hie sech géint säi Kontrahent Carlos Alcaraz, déi aktuell Nummer 1 an der Weltranglëscht, duerchgesat.
Den ATP Masters zu Paräis war dat lescht Turnéier virun den ATP Finals zu Mailand.