WM-QualifikatiounHolland am Katar dobäi, Ukrain an Tierkei séchere sech Playoffs

RTL Lëtzebuerg
Nieft Frankräich ass am Grupp D d'Ukrain weider, am Grupp E sinn et d'Belsch, d'Waliser an d'Tschechen an d'Hollänner mat den Tierken am Grupp G.
© SAVO PRELEVIC / AFP

Um Dënschdeg waren déi lescht Matcher vun der WM-Qualifikatioun, dat mat de Gruppen D, E a G. Dobäi goufen déi lescht Tickete fir Katar respektiv fir d’Playoffs verginn.

RTL-News: Am Iwwerbléck: Wien direkt fir d’WM qualifizéiert, wie kënnt an d’Playoffs

Grupp D

Am Grupp D stoung Frankräich schonn als 1. fest, ma Finnland an d’Ukrain haten nach Chancen op d’Playoffs, déi sech d’Osteuropäer zum Schluss séchere konnten.

Finnland - Frankräich 0:2
0:1 Benzema (66'), 0:2 Mbappe (76')

Bosnien-Herzegowina - Ukrain 0:2
0:1 Zinchenko (59'), 0:2 Dovbyk (79')

Grupp E

Am Grupp E en änlecht Bild, mat de Belsch weider an d’Tschechen an d’Waliser an der Lutte ëm d’Plaz 2. Ma duerch déi nei Reegele fir d’Qualifikatioun hate béid Ekippe scho virum leschte Match hiren Ticket fir d’Playoffs sécher.

Wales - Belsch 1:1
0:1 De Bryune (12'), 1:1 Moore (32')

Tschechesch Republik - Estland 2:0
1:0 Brabech (59'), 2:0 Sykora (85')

Grupp G

Richteg Interessant dogéint war et am Grupp G, wou Holland, d’Tierkei an Norwegen sech nach direkt fir d’WM qualifizéiere konnten. Zum Schluss hunn dëst d’Hollänner fäerdeg bruecht, d’Tierke ginn an d’Playoffs an d’Norweger mussen trotz gudder Leeschtung hiren Dram opginn.

Holland - Norwegen 2:0
1:0 Bergwihn (84'), 2:0 Depay (90'+1)

Montenegro - Tierkei 1:2
1:0 Beqiraj (4'), 1:1 Akturkoglu (22'), 1:2 Kokcu (60')

Gibraltar - Lettland 1:3
1:0 Walker (7'), 1:1 Gutkovskis (25'), 1:2 Uldrikis (55') 1:3 Krollis (75')

Back to Top
CIM LOGO