Futtball-WMHolland klappt Schweden no Verlängerung a steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend stoung déi zweet an domat lescht Halleffinall vun der Futtball-Weltmeeschterschaft bei den Dammen um Programm.
© AFP

Nodeems d’USA schonns um Dënschdeg den Ticket fir d’Finall kloermaache konnten, hunn e Mëttwoch mat Holland a Schweden déi zwou lescht europäesch Ekippen ëm d’Finall gekämpft.

Den Europameeschter aus Holland ass als ganz liichte Favorit an dëse Match gaangen, ma d’Schwedinne ware sécherlech net ze ënnerschätzen an dat hu si vun Ufank u gewisen. Si hunn d’Hollännerinne fréi ënner Drock gesat an esou haten d’Dammen an Orange och Schwieregkeeten, zu Chancen ze kommen. Ma och Schweden war am Spill no vir net all ze geféierlech, ma si haten awer wuel déi bescht Chancen an der éischter Hallschent, konnten dës awer och net notzen.

Nodeems déi éischt Hallschent fir verschidde Fans villäicht e bëssen enttäuschend ofgelaf ass, koume si an den zweete 45 Minutten awer op hir Käschten. Béid Ekippe ware méi aktiv an et war eng richteg ëmkämpfte Partie, wou elo och béid Formatiounen zu ganz gudde Chance koumen. Op béide Säiten huet och den Aluminium misse retten.

Wat de Match méi laang gedauert huet, wat d’Hollännerinnen ëmmer besser an de Match komm sinn. Et war elo eng richteg spannend Partie an dat sollt se ganz laang bleiwen, well no 90 Minutte stoung et nach ëmmer 0:0 an et goung an d’Verlängerung.

Schweden war an der Verlängerung ze passiv a si hu midd gewierkt, ganz aneschters do d’Hollänner, déi et net op een Eelefmeterschéisse wollten ukomme loossen an an der 99. Minutt dunn d’Erléisung. Duerch ee strammen a placéierte Schoss vum Jackie Groenen konnte si a Féierung goen.

Bis zum Schluss sollt sech um Score näischt méi änneren an esou stinn d’Dammen aus Holland bei hirer eréischt zweeter WM eng éischte Kéier an der Finall an do geet et da géint den Titelverdeedeger, d’USA.

RTL-News: Futtball-WM: USA erkämpfe sech Victoire géint England a stinn an der Finall

Back to Top
CIM LOGO