Lëtzebuerger Co-Trainer soll matgoenHorst Steffen ass neien Trainer bei Werder Bremen

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no soll de Raphael Duarte zesumme mam Horst Steffen vun Elversberg bei den däitschen Éischtligist wiesselen.
© AFP

Aus der däitscher Futtball Bundesliga ass et d‘Nouvelle, datt den Horst Steffen neien Trainer vu Werder Bremen gëtt. Hie war déi lescht siwe Joer zu Elversberg a koum mat der Ekipp aus dem Saarland bis an d‘Relegatioun fir an déi éischt däitsch Bundesliga. Do gouf et de leschte Méindeg eng batter 1:2-Néierlag a leschter Minutt géint Heidenheim.

De Steffen gëtt Nofollger vum Ole Werner. RTL-Informatiounen no soll och de Co-Trainer Raphael Duarte mat him op Bremen goen. Den 28 Joer jonke Lëtzebuerger ass zanter 2022 um Steffen senger Säit a spillt eng ganz wichteg Roll am Staff vum Cheftrainer.

Back to Top
CIM LOGO