DëschtennisHueschtert-Folscht géint Lénger, eng Finall "inedit"

Franky Hippert
De Kapitän vum DT Lénger weess, dass een als Underdog an déi Finall vum Dëschtennischampionnat geet. Et géif een awer untrieden, fir ze gewannen.
© Pressphoto.rtl.lu / Archiv

Et ass eng Finall “inedit” am Lëtzebuerger Dëschtennischampionnat. E Sonndeg, um 1. Mee, kritt Hueschtert-Folscht et bei sech doheem mat der Iwwerraschungsekipp vu Lénger ze sinn. De Favorit aus dem Nordweste vum Land wëll an der Finall, déi nom Modus “best of three” gespillt gëtt, de Grondsteen fir den éischten Titel an der Veräinsgeschicht leeën.

Dëschtennis - Eng Finall “inedit” / Reportage Franky Hippert

Et hat een net onbedéngt mat der Finall Hueschtert-Folscht géint Lénger gerechent. De Kapitän vun de Visiteuren, de Christian Kill, weess d’Situatioun dann och realistesch anzeschätzen. Christian Kill:Jo effektiv um Pabeier si mer sécherlech den Underdog, och vun de Resultater vun dëser Saison. Mir hunn 2 mol verluer. Mir ginn awer an d’Finall eran fir ze wannen.

Bei Hueschtert-Folscht hëlt een d’Roll, déi jiddereen engem gëtt, dann och un.

Serge Decker, sportleche Responsabelen:Jo wann een d’ganz Saison kee Match verléiert, kann een net soen, datt een net Favorit wär. Et wäert vill op d’Dagesform ukommen.

D’Virfreed beim Veräin aus dem Nordweste vum Land ass riseg, seet de Serge Decker.

Serge Decker:D’Zil war an d’Finall ze kommen. D’Ekipp wierkt fokusséiert.

Souwuel fir deen een, wéi fir deen anere Veräin ass et eng Premiere an der Finall vum Championnat ze stoen. De Christian Kill a säin Equipier, den Arlindo de Sousa kennen dat Gefill awer scho mat anere Clibb.

“An och do vill Erfarungspunkte gesammelt hunn, an genee déi wäert e mer elo eisen Equipieren weider ginn. Do hëlleft een deem aneren. Dee wichtegste Punkt dee 5. Mann, eis Supporter.”Déi éischt Finall vum Dëschtennisekippechampionnat ass e Sonndeg also zu Kietscht. Richteg gutt Stëmmung gëtt sech vun de Supporter vu béiden Ekippen erwaart. Lass geet et um Dag vun der Aarbecht, Mëttes um 16 Auer.

Back to Top
CIM LOGO