BGL LigueHueschtert séchert sech eng spéit Victoire géint d'Etzella

RTL Lëtzebuerg
No zwou roude Kaarten an enger opreegender Partie huet sech d'Lokalekipp am Gréngewald duerch e Gol an der Nospillzäit mat 3:2 duerchgesat.

Am Nodrosmatch vum 10. Spilldag gouf et e Mëttwoch den Owend eng spéit 3:2-Victoire fir d’US Hueschtert géint Ettelbréck.
D'1:0-Féierung fir Hueschtert duerch den Trani konnt d’Etzella nëmmen zwou Minutte méi spéit am Numm vum Einsiedler ausgläichen. Nom Säitewiessel hunn déi ronn 200 Spectateuren am Stade Jos Becker nieft zwou Roude Kaarten och jeeweils ee weidere Gol op béide Säiten gesinn. Eng animéiert Partie sollt no 90 Minutten awer net ouni Gewënner op en Enn goen a sou séchert den Trani mat sengem zweete Gol an der 92. Minutt den Hueschterter um Enn nach déi dräi Punkten.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO