No HäerzinfarktIker Casillas no Nout-Operatioun net méi a Liewensgefor

RTL Lëtzebuerg
De 37 Joer ale Spuenier hat sech no engem Training net gutt gespuert a war an d'Klinik ageliwwert ginn.
© AFP

Nodeems portugisesch Medien e Mëttwoch gemellt haten, datt den Iker Casillas wärend dem Training een Häerzinfarkt soll gehat hunn, huet säi Veräin den FC Porto dat kuerz drop bestätegt.

Dem 37 Joer ale Kipper gouf an der Klinik ee Katheter geluecht, doduerch konnt den Infarkt behuewe ginn. Donieft gouf dem Casillas och nach ee Stent gesat, fir ze verhënneren, datt d’Arterien zouginn. Säin Zoustand wier stabil, heescht et vu sengen Dokteren. Et wier awer nach ze fréi, fir iwwert seng sportlech Zukunft ze spekuléieren.

De Casillas gëllt als ee vun deene beschte Golkippere vun allen Zäiten. Hien huet laang fir Real Madrid gespillt a gouf mat Spuenien zwee Mol Europameeschter an 2010 Weltmeeschter.

Back to Top
CIM LOGO