Internationale FuttballIngolstadt trennt sech vum Trainer Jeff Saibene

Franky Hippert
Dat huet de Veräin offiziell matgedeelt. Och de Co-Trainer Carsten Rump muss de Veräin verloossen.
© AFP

4 Defaiten an ee Remis an deene leschte fënnef Matcher, waren deene Responsabele vum FC Ingolstadt ze vill. E Méindeg de Moie krut de Jeff Saibene de Stull beim Veräin aus der drëtter Bundesliga virun d’Dir gestallt.

Erstaunlech ass déi Fräistellung, wéi dat ëmmer esou schéin heescht, schonn. Besonnesch wann een op d’Tabell kuckt. Ingolstadt steet zwar op der 5. Plaz, ass awer just zwee Punkten hannert dem Zweeten aus Mannheim.

Jeff Saibene:Jo gëscht an der 93 Minutt krute mer den 1-1 geschoss. Et ass elo e bësse Panik am Veräin. Si wëllen et wuel mat engem neien Trainer nach eng Kéier probéieren. Esou ass dat an deem Geschäft.

De just Remis beim Hallescher FC ass deene Responsabele vun Ingolstadt deemno net méi duergaangen:

Jeff Saibene: Ingolstad ass e Paradebeispill fir Trainer ze entloossen. D’lescht Saison waren et der 5. 22 Spiller sinn d’lescht Saison nom Ofstig fortgaang, 16 neier si komm.Et war e Plang op 2 Joer ausgeriicht

De Jeff Saibene huet et gesot, wann een e Plang op 2 Joer opstellt, dann ass dat éischt jo wuel do fir eppes opzebauen, an dat zweet fir dann effektiv Ambitiounen ze hunn:

Jeff Saibene: Et weist, datt een an deem Geschäft kengem Vertraue kann an een net ëmmer alles soll gleewen. Am Ufank ass ëmmer alles super! Et sollte Jonker agebaut ginn an et hunn herno esou vill Jonker, 18 – 19 Joer, gespillt, wéi nach ni. Et ass am Ufank wuel ze gutt gaangen, dovun huet ee sech wuel blende gelooss.

Den 51 Joer alen Fussballtrainer mécht ech ëm seng Zukunft awer net vill Suergen:

Jeff Saibene: Ech hu guer kee Stress. Vun deenen 5 Trainer vum leschte Joer, ass de Nuri elo bei Hertha Berlin, de Keller bei Nürnberg. Ech wäert schonn nees eppes fannen.

De Jeff Saibene war elo 9 Méint zu Ingolstadt op der Trainerbänk an huet an där Zäit an 31 Matcher 1,55 Punkten an der Moyenne gesammelt. E Méindeg de Mëtteg war de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller schonn nees um Wee zeréck an d’Schwäiz bei seng Famill.

Back to Top
CIM LOGO