Corona-MesurenInkoherenz a Saache Sport ass e grousse Problem fir d'CSV

Franky Hippert
D'Majoritéisparteien dogéint begréissen, datt elo méi op a méiglech ass, wéi nach am éischte Lockdown.

D’Inkoherenz a Saache Sport bei deenen neie Covid-Mesuren ass fir déi gréisst Oppositiounspartei an der Chamber den Haaptproblem, dat sot den CSV-Deputéierten an Escher Buergermeeschter Georges Mischo no der Sëtzung an der zoustänneger Chamberkommissioun an no den Explikatioune vum Sportminister Dan Kersch. D’Vertrieder vun der Majoritéit gesinn dat natierlech anescht.

Chamberkommissioun Sport / Reportage Franky Hippert

Fir dës Inkoherenz huet den CSV-Deputéierte Georges Mischo dann och e Beispill: “De Schoulminister Meisch huet bis elo ëmmer behaapt, datt d’Schoul net de grousse Problem bei den Infektioun ass, dann kann de Schoulsport och net de Problem sinn, an da kann de Veräinssport bei de Jonken an enger Hal jo och net de Problem sinn.”

Bei der Majoritéit begréisst een, datt méi op ass, wéi beim éischte Lockdown. De Claude Lamberty vun der DP: “Datt een elo de Sport maximal zu 4 dobausse ka maachen. D’Fro ass diskutéiert ginn, firwat dobaussen an net dobannen, do ass eng Etüd zitéiert ginn, déi géif weisen, datt de Risk an enger Hal méi grouss wär, fir sech unzestiechen.”

Fir den Escher Buergermeeschter Georges Mischo geet a Saache Sport d’Inkoherenz awer och bei den Elittesportler weider.

Do ass d’Beispill vun den Elittesportler Flavio Gianotte an Lis Fautsch, déi zu Esch an der Fechthal hätte kënnen eleng mat hirem Trainer trainéieren, awer elo an d’Coque musse goen.”

Fir de Claude Lamberty, deen och President vun der Tennisfederatioun ass, war e wichtege Punkt de Mëtteg, datt de Sportminister Dan Kersch confirméiert huet, datt de Chômage partiell nees fir d’Sportswelt méiglech ass:

“Déi Mesure hëlleft, datt Veräiner a Federatioune mat professionellen Trainer a Sportler awer finanziell iwwert de Wanter kënne kommen.”

De studéierte Sportsproff Georges Mischo begréisst zwar, datt de Schoulsport weiderhin um Programm ass, an datt och d’Aktivitéite vun der Lasep an der Lasel a Gruppe vu 4 dobausse méiglech sinn, déi gréissten Oppositiounspartei wäert dat neit Covid-Gesetz e Mëttwoch awer net stëmmen, och duerch d’Inkoherenz a Saache Sport, wou deen Een däerf an deen Anere net.

Back to Top
CIM LOGO