Champions LeagueInter klappt den AC Mailand am Allersmatch vun der 1/2-Finall

RTL Lëtzebuerg
An enger staarker Ufanksphas huet sech Inter fréi mat zwee Goler a Féierung bruecht a geet mat enger 2:0-Victoire am Réck an de Retourmatch.
© AFP

E Mëttwoch den Owend huet Inter mat engem 2:0-Succès géint AC Mailand den éischte klenge Schrëtt a Richtung Finall gemaach. Eng staark Ufanksphas mat zwee séiere Goler vum Dzeko a Mkhitaryan hunn den Allersmatch fir d’Nerazzuri entscheet.

An der anerer 1/2-Finall gouf et en Dënschdeg den Owend en 1:1-Remis tëscht Real Madrid a Manchester City.

AC Mailand - Inter Mailand 0:2
0:1 Dzeko (8'), 0:2 Mkhitaryan (11')

Am legendäre San Siro ass Inter schonn no aacht Minutten a Féierung gaangen. No engem Corner konnt den Dzeko de Ball technesch perfekt per Volley an de Wénkel setzen, ouni dem géigneresche Golkipp eng Chance ze loossen. Den AC war an deenen éischte Minutte komplett nieft der Spuer an huet sech zwou Minutten drop schonn den zweete Géigegol gefaangen. D’Pass vum Dimarco an den Zentrum hat de Martinez laanschtgelooss, wou de Mkhitaryan ugelaf komm ass an op 2:0 erhéije konnt. Inter hat komplett d’Iwwerhand an hat an den nächste Minutten och gutt Chancen ee bis zwee weider Goler ze schéissen. Mat der Zäit krut sech d’Rossoneri da bësse gefaangen, ouni awer selwer sou richteg an de Match ze fannen. Mat vill Krämpes hu si den 0:2-Réckstand bis an d’Paus bruecht.

D'Goler aus der éischter Hallschent
No 45 Minutten louch Inter verdéngt mat 2:0 a Féierung

Nom Säitewiessel huet den AC dann direkt immens engagéiert an de Match fonnt. Am Verglach zu der éischter Hallschent stoung een hannen elo méi sécher an huet gläichzäiteg méi dacks de Wee virun de géigneresche Gol gesicht. Dat louch natierlech deelweis och un Inter, déi sech mat der Féierung am Réck méi zréckgezunn hunn, vereenzelt awer och ëmmer nees virum Gol vun AC opgetaucht sinn. D’Zäit ass ëmmer weider ofgelaf an um Spillstand sollt sech bis zum Schluss och näischt méi änneren. Fir Inter geet et sou mat enger verdéngter 2:0-Féierung an de Retourmatch, deen déi nächst Woch eng weider Kéier am San Siro zu Mailand gespillt gëtt.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO