
Virum Match haten d’Jonge vum Trainer Simone Inzaghi 14 Punkten Avance op den AC Mailand. Duerch d’Victoire e Méindeg den Owend, hu si elo 17 Punkte Virsprong an domat kënne si also 5 Spilldeeg viru Schluss net méi ageholl ginn.
Am Derby della Madonnina konnt Inter Mailand an der 18. Minutt schonns duerch den Acerbi a Féierung goen. Den Defenseur huet de Ball mam Kapp eragesat. De Rescht vun der éischter Hallschent war gréisstendeels ausgeglach, mat deels gudde Chancë fir béid Ekippen.
Direkt nom Säitewiessel konnt Inter dunn eng weider Kéier zouschloen. De Marcus Thuram konnt den Tabelleleader do nämlech mat 2:0 a Féierung bréngen.
Den Tomori huet et an der 80. Minutt dunn awer nach eng Kéier spannend gemaach. Den Englänner huet aus der Siicht vun der Heemekipp nämlech op 1:2 verkierzt.
E weidere Gol sollt awer net méi falen, et gouf allerdéngs nach dräi rout Kaarte wéinst onsportlechem Verhalen. Trotzdeem blouf et beim Stand vun 2:1 fir Inter Mailand. Deemno ass et den 20. Scudetto fir d’Nerazzurri.