
E Méindeg den Owend gouf an der Partie tëscht Inter Mailand a Schachtar Donezk deen zweete Finalist vun der Europa League gesicht. Um Enn gouf et eng kloer 5:0-Victoire fir d’Ekipp aus Italien.
Inter Mailand huet de Match déi 90 Minutten iwwer dominéiert an huet mat enger kompakter Defense kaum Chancë vum Géigner zougelooss. D’Goler hunn de Lautaro Martinez (19' an 74'), den d’Ambrosio (64') an de Romelu Lukaku (78' an 83') geschoss.
E Sonndeg den Owend hat sech den FC Sevilla deen éischten Ticket fir d’Finall geséchert. Si hate sech no engem 0:1-Réckstand nach mat 2:1 géint Manchester United duerchgesat.
D’Finall vun der Europa League gëtt e Freideg den Owend um 21 Auer zu Köln ugepaff. Géigeniwwer sti sech dann Inter Mailand an den FC Sevilla.
1:0 L. Martinez (19') 2:0 d’Ambrosio (64') 3:0 L. Martinez (74') 4:0 R. Lukaku (78') 5:0 R. Lukaku (83')
Direkt mat der éischter Chance ass Inter Mailand mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 19. Minutt hat de Golkipp vun Donezk bei sengem Schoss net gutt opgepasst an dat ronnt Lieder dem Barella an d’Féiss gespillt. Dësen huet sech mat engem explosiven Untrëtt op der rietser Säit Plaz gemaach, de Ball mat enger perfekter Flank an de Strofraum bruecht an do huet de Martinez de Kapp nëmmen nach missen dohinner halen, fir dat ronnt Lieder aus aacht Meter am lénken Eck ze verwandelen. An der 26. Minutt hat den d’Ambrosio eng weider déck Chance fir d’Ekipp aus Italien, ma et ass beim 1:0 bliwwen. Donezk huet sech géint déi kompakt Defense vun Inter schwéier gedoen a konnt sech kaum Chancen erausspillen. Inter Mailand huet de Match kontrolléiert an esou ass et mat engem verdéngten 1:0 an d’Paus gaangen.
An den zweete 45 Minutten hunn d’Spiller vum Conte d’Fiedem weider an der Hand behalen. Fir d’Ekipp vum Castro war et dogéint weider eng zéi Affär. An der 62. Minutt hate si dunn awer eng éischt ganz geféierlech Chance. No enger schéiner Flank vum Matviienkos ass de Junior Moraes am Zentrum fënnef Meter virum Gol mam Kapp un de Ball komm, ma den Handanovic konnt de Käpper vum Stiermer degagéieren. Direkt am Géigenzuch ass Inter Mailand den 2:0 gegléckt. De Brozovic hat de Ball an der 64. Minutt per Corner virun den zweete Potto bruecht an do huet den d’Ambrosio dat ronnt Lieder mam Kapp verwandelt. Fir d’Virentscheedung huet de Martinez mam 3:0 an der 74. Minutt gesuergt. D’Ekipp vum Conte hat duerno awer nach net genuch mat de Goler. De Lukaku huet an der 78. an an der 83. Minutt nach zwee Goler markéiert, sou datt et um Enn d’Schlussresultat 5:0 war. Inter Mailand steet domadder an der Finall vun der Europa League. Hei heescht e Freideg de Géigner FC Sevilla.