
Déi 3 Davis-Cup-Spiller Alex Knaff, Raphael Calzi a Chris Rodesch waren an de leschte Woche richteg gutt drop. Mat der FLT-Formatioun si se vun der Europa-Afrika Grupp 3 an de Grupp 2 opgestigen. Zu Duffel bei Antwerpen an der Belsch hunn den Alex Knaff an de Chris Rodesch bei engem ITF-Tournoi den Dubbel gewonnen an de Chris Rodesch stoung am Eenzel an der Finall. Den 20 Joer ale Spiller, deen an Amerika um College ass, weess, datt de 25.000 Dollar Tournoi fir seng Verhältnisser scho staark besat ass:
“Mä ech hunn e ganz gudden Tournoi an der Belsch gespillt, mäin zweeten an der Karriär. Ech versichen esou wäit wéi méiglech ze kommen.”
Genee wéi fir de Chris Rodesch, geet et fir de 24 Joer ale Raphael Calzi drëm, ATP-Punkte fir d’Weltranglëscht ze sammelen:
“Am Eenzel wéi am Dubbel, kucken, wéi vill Matcher ech ka gewannen a wéi wäit ech am Tournoi ka goen.”
Heiheem en internationalen Tournoi ze spillen, ass ëmmer speziell. Fir den Alex Knaff ass dat awer keen zousätzlechen Drock, mä éischter eng grouss Freed fir virun eegenem Public kënnen unzetrieden:
“Et ass gutt erëm e bëssen doheem ze sinn, wann ee vill ënnerwee ass, et ass gutt och fir meng Trainer mech ze gesi spillen, an ech spillen och ëmmer gutt viru vill Public.”
An der Weltranglëscht huet den 24 Joer ale Knaff am Moment mat der Positioun 794 dat beschte Klassement vun deenen 3. D’Minimalzil an der Karriär ass et, fir op d’mannst an d’Géigend vun der Plaz 250 an der Weltranglëscht ze kommen, fir iwwert dee Wee eng Kéier an d’Qualifikatioun vun de Grand Slamen eranzekommen. Fir do matspillen ze kënnen, geet de Wee awer elo emol iwwert d’ITF-Tournoien, wéi elo zum Beispill d’nächst Woch zu Esch.