WM-QualifikatiounItalien an Däitschland wannen däitlech, Polen an England spille gläich

RTL Lëtzebuerg
D'Belsch dogéint konnte sech nëmme ganz knapp géint eng gutt Ekipp aus dem Belarus duerchsetzen.
© Vincenzo PINTO / AFP

Um Mëttwoch den Owend goufen déi lescht Matcher vum 6. Spilldag an der WM-Qualifikatioun gespillt.

Grupp B

Griiechenland - Schweden 2:1
1:0 Pavlidis (8'), 2:0 Bouchalakis (45'+3), Claesson (53')

Kosovo - Spuenien 0:2
0:1 Fornals (32'), 0:2 Torres (90')

Grupp C

Italien - Litauen 5:0
Kean (11'), Utkus (14'), Raspadori (24'), Kean (29'), Di Lorentzo (54')

Nordirland -Schwäiz 0:0

Grupp E

Wales - Estland 0:0

Belarus - Belsch 0:1
0:1 Praet (33')

D’Ekipp aus der Belsch war an dëser Partie natierlech déi kloer méi staark Ekipp an och Favorit. Majo ausser de Gol an der 33. Minutt vum Praet, ass et de rouden Däiwelen allerdéngs net gelongen, d’Féierung weider auszebauen. Trotzdeem stinn d’Belsch domadder mat 9 Punkte ganz kloer weider op der Positioun 1 an der Tabell vun hirem Grupp.

Grupp I

Polen - England 1:1
0:1 Kane (72'), 1:1 Szymanski (90'+2)

England huet sech schwéier gedoe géint eng polnesch Ekipp, déi staark verdeedegt huet. Déi éischt Hallschent ass et kenger Ekipp gelongen, den éischte Gol ze markéieren. Eréischt an der 72. Minutt ass et dem Kane spéit gelongen, den 1:0 fir England ze markéieren. Ma de Szymanski, deen agewiesselt gouf, konnt mam spéiden 1:1 Ausgläich an der Nospillzäit äntweren an nach e Punkt retten. England bleift awer weider 1. an der Tabell.

Ungarn - Andorra 2:1
1:0 Szalai (9'), 2:0 Botka (18'), Llovera (82')

Albanien - San Marion 5:0
1:0 Manaj (32'), 2:0 Laci (58'), 3:0 Broja (61'), 4:0 Hysaj (68'), 5:0 Uzuni (80')

Grupp J

Island - Däitschland 0:4
1:9 Gnabry (4'), 2:0 Rüdiger (24'), 3:0 Sané (56'), 4:0 Werner (89')

Däitschland geléngt mat der Victoire kéint Island déi 4. Victoire noeneen an dat ouni ee Géigegol bis ewell. Iwwer wäit Strecken dominéiert déi däitsch Ekipp dann och kloer géint de Géigner aus Island an huet och mat de Goler vum Gnabry a Rüdiger fréi a Richtung 3 Punkte gespillt. Sané a Werner treffen dann och nach no der Paus, machen also de Sack zou a bréngen hier Ekipp mat 4:0 iwwert déi 90 Minutten. Däitschland läit domadder op Plaz 1 an hirer Grupp, dat ma 4 Punkte Virsprong.

Nordmazedonien - Rumänien 0:0

Armenien - Liechtenstein 1:1
1:0 Mkhitaryan (45'+5), 1:1 Frick (80')

Back to Top
CIM LOGO