Nations LeagueItalien kënnt net iwwer Gläichspill eraus, Holland wënnt knapp

RTL Lëtzebuerg
Norwegen huet sech zu Oslo misse géint Éisträich 1:2 geschloe ginn. Bei der Suite vun der Nations League gouf e Freideg an der Liga A, B an C gespillt.
© AFP

E Freideg den Owend stoungen an der Nations League insgesamt 8 Matcher um Menü. Erausgestach hu béid Partien aus der Liga A, net manner interessant goung et an der Liga B an C hier.

RTL NEWS: Nations League: Däitschland a Spuenien deelen 1:1, Schwäiz verléiert an der Ukrain

Ouni den Ex-Schëfflenger Miralem Pjanic ass Bosnien-Herzegowina an Italien gereest. Zu Florenz war et éischter eng zéi 1. Hallschecht ouni gréisser Golgeleeënheeten op béide Säiten. No der Paus huet sech een anert Bild presentéiert. D’Gäscht sinn duerch den Dzeko a Féierung gaangen, ier de Sensi kuerz no der Stonn nees ausgläiche konnt. Am weidere Verlaf vun der Partie war et equilibréiert, béid Ekippen haten hir Geleeënheeten, et sollt schliisslech awer beim 1:1-Gläichspill bleiwen.

An der Johan Cruijff Arena zu Amsterdam war Holland an den éischte 45 Minutte vun der Partie géint Polen déi dominant Ekipp. Ma ze seelen huet d’Elftal de Wee duerch déi gutt gestaffelt Defense vun de Gäscht fonnt - 0:0 an der Paus. Dono konnt d’Lokalekipp sech belounen an duerch de Bergwijn kuerz no der Paus a Féierung goen. Holland war, virun allem ënnert dem Impuls vum Depay, déi besser Ekipp an ass um Enn verdéngt als Gewënner vum Terrain gaangen.

Norwegen géint Éisträich war vun Ufank un eng ausgeglache Partie mat engem liichte Plus fir d’Norweger. E bësse géint de Spillverlaf huet de Gregoritsch d’Gäscht 10 Minutte virun der Paus a Féierung bruecht. Kuerz nom Säitewiessel konnt Éisträich nach ee vum wäisse Punkt drop setzen, de Sabitzer hat op 2:0 gesat. Norwegen huet sech awer nach net geschloe ginn an ass duerch den Haaland den 1:2 gegléckt. Den 2:2 houng an der Luucht, ass awer net gefall.

Liga A

Italien - Bosnien-Herzegowina 1:1

Holland - Polen 1:0

Liga B

Norwegen - Éisträich 1:2

Rumänien - Nordirland 1:1

Schottland - Israel 1:1

Slowakei - Tschechesch Republik 1:3

Liga C

Litauen - Kasachstan 0:2

Belarus - Albanien 0:2

__________________________________________
E Samschdeg gëtt zu Baku um 18h00 eiser Zäit Aserbaidschan - Lëtzebuerg ugepaff. Dës Partie kënnt Dir op der Tëlee, um Radio an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO