
Däitschland - Spuenien 1:1
Däitschland muss sech mat engem 1:1 géint Spuenien zefridde ginn. Laang Zäit louch Däitschland vir duerch e Gol vum Timo Werner, ma de Gaya konnt an der 96. Minutt nach den 1:1 markéieren.
Ukrain - Schwäiz 2:1
En Donneschdeg den Owend gouf et dann och eng Victoire fir d’Ukrain. Si klappen d’Schwäiz mat 2:1 duerch Goler vum Yarmolenko an Zinchenko. Den tëschenzäitlechen Ausgläich vum Seferovic sollt net duergoen.
Bulgarien - Irland 1:1
Duerch e Gol vum Kraev an der 51. Minutt ass Bulgarien mat 1:0 a Féierung gaangen. De Shane Duffy konnt an der 93. Minutt awer nach fir d'1:1-Schlussresultat suergen.
Tierkei - Ungarn 0:1
De jonke Szoboszlai konnt an der 80. Minutt den 1:0 fir Ungarn markéieren, esou dass si sech um Enn géint d’Tierkei duerchsetze kënnen.
Russland - Serbien 3:1
Russland wënnt en Donneschdeg den Owend verdéngt mat 3:1 géint Serbien. Nodeems an der éischter Hallschent keng Goler gefall sinn, konnt Russland an der zweeter Hallschent fréi a Féierung goen duerch en Eelefmeter vum Dzyuba. De Kravaev huet den 2:0 geschoss, ier de Mitrovic verkierze konnt. Den Dzyuba huet dunn an der 81. Minutt fir d’Decisioun gesuergt.
Finnland - Wales 0:1
Och fir Wales ginn et 3 Punkten. De Gol vum Moore an der 80. Minutt war deen eenzegen an dëser Partie.
Moldawien - Kosovo 1:1
1:0 Nicolaescu (19'), 1:1 Kololli (71')
Slowenien Griicheland 0:0
Lettland - Andorra 0:0
Färoër - Malta 3:2
1:0 Olsen (25'), 1:1 Degabriele (37'), 1:2 Agius (73'), 2:2 Lava Olsen (87'), 3:2 Hendriksson Olsen (90')