
Spuenien - Zypern 6:0
1:0 Gavi (18'), 2:0 Merino (33'), 3:0 Joselu (70'), 4:0 Torres (73'), 5:0 Baena (77'), 6:0 Torres (83')
“La Furia Roja” huet Zypern vun der éischter Minutt un dominéiert, soudass et um Enn zu engem ganz däitleche Resultat komm ass. An enger eesäiteger Partie sinn d’Zyprioten kaum virun de spuenesche Gol komm, wärend d’Lokalekipp sech Chance ëm Chance erausspille konnt. Spuenien verdeedegt domat Plaz 2 an der Tabell, iwwerdeems Schottland weider ouni Punktverloscht op der éischter Plaz läit.
Norwegen - Georgien 2:1
1:0 Haaland (25'), 2:0 Ødegaard (33'), 2:1 Zivzivadze (90+1')
Italien - Ukrain 2:1
1:0 Frattesi (12'), 2:0 Frattesi (30'), 2:1 Yarmolenko (41')
An engem fir béid Ekippe ganz wichtege Match konnt de Frattesi seng Faarwe mat 2:0 a Féierung bréngen. D’Ukrain huet allerdéngs och eng gutt Leeschtung gewisen an huet nach virun der Paus duerch de Yarmolenko verkierzt. An der zweeter Hallschent sollt awer op béide Säite kee Gol méi falen, soudass d’"Squadra Azzurra” déi knapp Féierung iwwer d’Zäit brénge konnt. Domat stinn Italien, d’Ukrain an Nordmazedonien elo bei 7 Punkten, England steet mat 13 Punkten op Plaz 1.
Malta - Nordmazedonien 0:2
0:1 Elmas (5'), 0:2 Manev (41')
Belsch - Estland 5:0
1:0 Vertonghen (4'), 2:0 Trossard (18'), 3:0 Lukaku (56'), 4:0 Lukaku (59'), 5:0 De Ketelaere (88')
D’Belsch huet zu Bréissel duerch Goler vu Vertonghen an Trossard vun Ufank u fir kloer Verhältnisser gesuergt. Och an der Suite waren d’"Diables rouges” déi dominant Ekipp an hunn d’Este kaum aus der eegener Hallschent erauskomme gelooss. De Lukaku huet mat sengen zwee Goler du schonn no enger knapper Stonn fir déi fréizäiteg Decisioun gesuergt, éier den De Ketelaere kuerz viru Schluss nach een dropgesat huet.
Schweden - Éisträich 1:3
0:1 Gregoritsch (53'), 0:2 Arnautovic (56'), 0:3 Arnautovic (69', Eelefmeter), 1:3 Holm (90')
Eng souverän Auswäerts-Victoire gouf et iwwerdeems fir d’Éisträicher, déi a Schweden keng Problemer haten. Obwuel et eng relativ ausgeglache Partie war konnte laang just d’Visiteuren de Ball am Gol ënnerbréngen. Doduerch sti si mat 13 Punkten zesumme mat der Belsch un der Spëtzt vum Grupp, wärend Schweden bei 6 Punkte bleift.
Schwäiz - Andorra 3:0
1:0 Itten (49'), 2:0 Xhaka (84'), 3:0 Shaqiri (90+2', Eelefmeter)
Trotz erdréckender Iwwerleeënheet sollt et der Schwäiz am éischten Duerchgang net geléngen, de Ball am Gol ënnerzebréngen. No der Paus konnt den Itten dunn awer d’Féierung fir d’Eidgenosse markéieren. De Xhaka an de Shaqiri hunn an der Schlussphas den Deckel dropgemaach, woumat d’Schwäiz souverän un der Spëtzt vum Grupp bleift.
Rumänien - Kosovo 2:0
1:0 Stanciu (83'), 2:0 Mihaila (90+3')
Israel - Belarus 1:0
1:0 Kanichowsky (90+3')