
E Freideg den Owend goufen zu Zürich d’Playoffs vun der europäescher WM-Qualifikatioun ausgeloust.
Am Grupp A spillen an den Halleffinalle Schottland géint d’Ukrain a Wales kritt et mat Éisträich ze dinn.
Am Grupp B muss Russland géint Polen untrieden a Schweden spillt géint Tschechesch Republik.
An am Grupp C krut Italien Nordmazedonien zougeloust a Portugal spillt géint d’Tierkei. Domadder wäert sech héchstens eng vun de Spëtzenekippe fir d’WM qualifizéiere kënnen.
D’Playoff-Halleffinalle ginn de 24. Mäerz gespillt. D’Finalle vun den dräi Gruppe ginn dann den 29. Mäerz gespillt.