
Um Sonndeg stoung zu London déi grouss Finall vun der EM 2020 um Programm. Hei ass et am Wembley-Stadion zum Duell tëscht Italien an England komm. Fir England goung et ëm eng éischte Victoire bei enger Europameeschterschaft, Italien hat dës am Joer 1968 gewonnen. Um Enn konnte sech d’Italiener iwwert deen zweeten Titel bei enger EM freeën. Am Eelefmeterschéissen huet ee sech géint d’Three Lions behaapt. D’Englänner mussen domadder weider op deen éischten Titel waarden.
D’Englänner konnte virun eegenem Public mat der éischter offensiver Aktioun de Score ewell an der 2. Spillminutt opmaachen. Hei war et de Luke Shaw, deen d’Three Lions no enger Flank vum Trippier a Féierung brénge konnt. Et huet duerno bis déi 67. Minutt gedauert, éier d’Italiener ausgläiche konnten. Hei war et de Bonucci, deen de Ball no engem Corner iwwer d’Linn drécke konnt. Nodeems duerno an der Verlängerung kee Gol gelénge sollt, huet d’Entscheedung missen am Eelefmeterschéisse falen. Hei waren et um Enn d’Italiener, déi déi besser Nerven haten a sech mat engem 3:2 behaapt hunn.
Béid Formatiounen hu sech net laang ofgetaascht a ware vun Ufank u beméit, offensive Futtball ze spillen. No enger offensiver Aktioun vun den Italiener hunn d’Englänner an der 2. Spillminutt séier ëmgeschalt. Den Trippier hat de Ball per Flank an de Strofraum geschloen an do stoung de Luke Shaw ze fräi um zweete Potto. Den Defenseur huet de Ball direkt mat lénks op de Gol bruecht a konnt dësen och an de Filet setzen. Dëst war dee séierste Gol an enger Finall vun enger Europameeschterschaft.
An der Ufanksphas waren d’Englänner och no der fréier Féierung déi méi geféierlech Formatioun. Virun allem no Flanke konnte si déi italienesch Defense ëmmer erëm beschäftegen. D’Italiener hunn hei net zu hirem Spill fonnt, dëst ënnert anerem och well d’Ekipp vum Gareth Southgate virun allem am Mëttelfeld näischt zougelooss huet. Et huet bis déi 35. Minutt gedauert, éiert Italien, déi virun der Finall zanter 33 Lännermatcher ongeschloe waren, eng éischte Kéier geféierlech virum Pickford opgedaucht sinn. Hei war et de Chiesa, deen et aus ronn 20 Meter probéiert huet, ma säi Versuch goung awer laanscht de Potto. Duerno waren d’Italiener beméit, iwwer vill Ballbesëtz an de Match ze fannen, ma bis zur Paus sollt et awer bei der 1:0-Féierung vun England bleiwen.
Nom Téi sinn d’Italiener besser aus der Kabinn komm a sou hate si och déi éischte Geleeënheet vun den zweete 45 Minutten. Den Insigne huet et an der 50. Minutt mat engem direkte Fräistouss probéiert, ma dëse goung um Enn awer knapp iwwer d’Lat. An der 61. Spillminutt war et dunn op en Neits de Chiesa, deen et probéiert huet, ma de Pickford konnt de Schoss vum Italiener mat engem excellente Reflex ofwieren. D’Englänner konnten an der 2. Hallschent net un d’Leeschtung vun der éischter Hallschent uknäppen a sou konnte sech d’Italiener ëmmer erëm Geleeënheeten erausspillen. An der 67. Minutt konnte si dann och den Ausgläich markéieren. No engem Corner koum de Verratti um zweete Potto mam Kapp un de Ball. Säi Versuch goung nach widder de Potto, ma de Bonucci konnt de Ball duerno iwwer d’Linn drécken.
Duerno sollt kee Gol méi an der regulärer Spillzäit falen, a sou gouf et Verlängerung. Hei hu béid Ekippe probéiert, fir d’Entscheedung ze suergen, ma um Enn sollt dës am Eelefmeterschéisse falen. Hei waren et um Enn d’Italiener, déi sech duerchsetze konnten a sech no 1968 fir déi zweete Kéier zum Europameeschter kréine konnten. Bei England konnte mam Rashford a Sancho zwee Spiller net markéieren, déi eréischt an der 120. Minutt agewiesselt goufen. Den entscheedenden Eelefmeter konnt den Donnarumma vum Saka paréieren.
