
Allerdéngs ass d’Qualifikatioun fir den 100 Meter Sprint extrem schwéier. D’Qualifikatiounszäit läit bei 11 Sekonnen a 7 Honnertstel. Mat esou enger Zäit ass een op der Europameeschterschaft ganz no um Podium drun. Déi Däitsch Gina Lückenkemper gouf dat leschte Joer zu München Europameeschterin an enger Zäit vun 10 Sekonnen an 99 Honnertstel. Aktuell läit dem Patrizia van der Weken säi Rekord bei 11 Sekonnen a 29 Honnertstel. Do feelen also nach 22 Honnertstel fir déi direkt Qualifikatioun. Een anere Wee, fir sech fir Paräis ze qualifizéieren, ass deen iwwer d’Weltranglëscht. Ënnert anerem kann ee bei der WM an der Universiade Punkte sammelen. Fir d’Patrizia van der Weken sinn déi Spiller dann och dat Haaptzil en vue vun den Olympesche Spiller dat nächst Joer. Géif d’Lëtzebuergerin dat packen, da wier si eng vu 56 Sprinterinnen, déi zu Paräis iwwer 100 Meter mat dobäi wieren.
D’Olympesch Spiller am Nopeschland si vum 26. Juli bis den 11. August.