
Déi 10 Gruppenéischt qualifizéiere sech direkt fir d’Weltmeeschterschaft am Katar. Déi 10 Gruppenzweet, wéi och déi zwee bescht Gruppegewënner vun der Nations League, sollten déi net déi 1. oder 2. Plaz an der WM-Qualifikatioun erreecht hunn, spillen an de Playoffs ëm weider 3 Plazen op der Weltmeeschterschaft. Aus dësen 12 Ekippe gi 6 Halleffinallen ausgeloust. No engem Match stinn da 6 Finaliste fest an déi spillen dann ëm déi dräi lescht Ticketen.
D’Auslousung vun de Partien ass de 26. November zu Zürich. D’Playoff-Halleffinalle ginn dann de 24. Mäerz 2022 gespillt an d’Playoff-Finallen den 29. Mäerz 2022.
RTL-News: Den Iwwerbléck vun de Resultater vum Dënschdeg
Serbien (Grupp A), Spuenien (Grupp B), Schwäiz (Grupp C), Frankräich (Grupp D), Belsch (Grupp E), Dänemark (Grupp F), Holland (Grupp G), Kroatien (Grupp H), England (Grupp I), Däitschland (Grupp J)
WM-Qualifikatioun
Portugal (Grupp A), Schweden (Grupp B), Italien (Grupp C), Ukrain (Grupp D), Wales (Grupp E), Schottland (Grupp F), Tierkei (Grupp G), Russland (Grupp H), Polen (Grupp I), Nordmazedonien (Grupp J)
Nations League
Éisträich (Gruppegewënner Liga B vun Nations League a 4. a Grupp F)
Tschechesch Republik (Gruppegewënner Liga B vun Nations League an 3. a Grupp E)