
Ware beim leschte Weltcup zu Oberhof nach d’Dammen aus Däitschland déi Séierst, ass et zu Antholz iwwer 4 x 6 Kilometer just fir déi ondankbar 2. Plaz duergaangen. Gewonnen huet d’Ekipp aus Russland. Béid Natioune sinn ouni Strofronn duerchkomm, mee d’Russinnen ëm d’Schlussleeferin Uliana Kaischewa waren op der Streck ganz einfach méi séier. Am Zil haten d’Russinnen 11 Sekonne Virsprong op d’Franziska Preuß a Co. Op déi 3. Plaz kënnt mat engem Retard vun 21,2 Sekonnen d’Staffel aus Frankräich.
E Sonndeg am Nomëtteg war et de Massestart bei den Hären. Hei war et eng souverän Victoire vum Norweger Johannes Thingnes Bö. De 27 Joer ale Biathlet huet de Massestart trotz enger Strofronn mat engem Virsprong vun 31,3 Sekonne virum Fransous Quentin Fillon Maillet gewonnen. Op déi 3. Plaz ass de Slowen Jakov Fak gefuer. (+44,2 Sekonnen).
De Weltcup zu Antholz war de leschte virun der Weltmeeschterschaft, déi den 10. Februar zu Pokljuka a Slowenien ufänkt.