
Den amtéierende Weltmeeschter Peter Wright huet sech do nämlech an der 3. ronn mat 1:4 géint de Kim Huybrechts aus der Belsch misse geschloe ginn. Den “Snakebite” hat de ganze Match iwwer Problemer mam Scoring a war net erëmzëerkennen.
Och schonns en Dënschdeg de Mëtteg huet en Top-10-Spiller missen Äddi soen. An engem héichklassege Match huet den Nathan Aspinall nämlech mat 3:4 géint den Newcomer Josh Rock verluer. Domat sinn elo 3 Spiller aus der Top 10 vun der Weltranglëscht eliminéiert.