
Donieft war et déi éischt Victoire vun enger Kanadierin am Riseslalom zanter 49 Joer. D’Grenier war schonns am éischten Duerchgang déi séierst Zäit gefuer a konnt hir Avance am 2. Laf geréieren. Um Enn huet si mat enger Avance vu 37 Honnertstel op d’Italienerin Marta Bassino gewonnen. Déi drëtt Plaz mat engem Retard vu 40 Honnertstel war fir d’Petra Vlhová.
D’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin, déi déi lescht 5 Coursse gewanne konnt, koum e Samschdeg just op déi 6. Plaz mat engem Réckstand vun 1 Sekonn an 33 Honnertstel.
Bei den Häre war et iwwerdeems ee vun de Favoritten, de Lokalmatador Marco Odermatt, dee sech am Riseslalom zu Adelboden konnt duerchsetzen. Et ass déi 7. Victoire vun der Saison fir de Schwäizer. Mat enger Zäit vun 2 Minutten, 30 Sekonnen an 68 Honnertstel huet hien den Norweger Henrik Kristoffersen (+0.73 Sekonnen) a säi Landsmann Loïc Meillard (+1.66 Sekonnen) hannert sech gelooss, déi op d’Plazen 2 an 3 gefuer sinn.