Internationale FuttballJans verléiert mat Paderborn, Tottenham klappt Manchester City

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Arsenal nëmmen 0:0 géint Burnley gespillt a Lazio Roum deklasséiert SPAL mat 5:1. Köln iwwerrennt Freiburg mat 4:0.
© AFP

Bundesliga

SC Paderborn - VFL Wolfsburg 2:4
1:0 Zolinski (22'), 1:1 Knoche (26'), 1:2 Ginczek (40'), 1:3 Ginczek (60'), 2:3 Vasiliadis (73'), 1:4 Arnold (77')

Paderborn, bei deenen de Laurent Jans vun Ufank un um Terrain stoung, ass an der 22. Minutt duerch den Zolinski mat 1:0 a Féierung gaangen. Ma nëmme kuerz drop war et de Knoche, dee fir den Ausgläich gesuergt huet. An der 34. Minutt ass et dunn hektesch zu Paderborn ginn. Den Holtmann krut vum Arbitter d’Rout Kaart gewisen, dat nodeems de Spiller vum SC säi Géigespiller mat engem liichte Coup ewechgedréckt huet. Eng haart Entscheedung. Kuerz virun der Paus huet de Ginzeck dunn den 2:1 fir d’Gäscht markéiert.

No der Paus misst de Laurent Jans an de Kabinne bleiwen. Hie gouf ersat vum Hühnemeier. Ma och dono huet Paderborn sech schwéier gedoen, an de Ginzeck huet mat sengem 2. Gol den 3:1 geschoss. Der Lokalekipp ass an der 73. wuel nach den Uschloss gelongen, ma et sollt net duer goen 1 Punkt sech ze sécheren, dat nodeems den Arnold mat engem Fräistouss de 4:2 markéiert huet. Dëst sollt och d’Schlussresultat sinn.

De Laurent Jans huet eis confirméiert, datt hien no der rouder Kaart vu sengem Matspiller, aus taktesche Grënn an der Paus ausgewiesselt gouf. Den Trainer vum SCP Steffen Baumgart hat op eng 3. Ketten ëmgestallt.

1. FC Köln - SC Freiburg 4:0
1:0 Bornauw (29'), 2:0 Cordoba (55'), 3:0 Ehizibue (90+1'), 4:0 Jakobs (90+2')
D’Spectateuren hunn an deenen éischte Minutte kee gudde Futtball gesinn, dëst well béid Ekippen de Wee no fir net wierklech fonnt hunn. Ass et emol an engem Strofraum geféierlech ginn, war dëst duerch eng Standardsituatioun de Fall. Sou war et och de Bornauw, deen no engem Corner an der 29. Minutt den 1:0 fir d’Lokalekipp geschoss huet.

No der Paus huet de Cordoba an der 55. Minutt no flotter Viraarbecht vum Uth de Score op 2:0 geschrauft. Köln war déi besser Ekipp, a Freiburg ass an der Offensiv net all ze vill agefall. Wou jidderee gemengt huet dës Partie géif mat 2:0 op en Enn goen, huet den Ehizibue an de Jakobs nach emol zougeschloen. Um Enn feiert Köln eng souverän 4:0-Victoire géint Freiburg.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

FC Burnley - FC Arsenal 0:0

D’Lokalekipp hat an der 1. Hallschent 2 gutt Chancen, ma de Ball ass all Kéier knapps iwwert de Gol vum Leno gaangen. No er Paus hat den Aubameyang d’Chance fir den 1:0 ze markéieren, ma säi Kappball sollt de Gol net treffen. Béid Ekippen hu sech an de Schlussminutten neutraliséiert, sou dass et beim 0:0 bliwwen ass.

Tottenham Hotspur - Manchester City 2:0
1:0 Bergwijn (63'), 2:0 Son (71')

Et war um Sonndeg den Owend net den Dag vu Manchester City. Si hunn net nëmmen de Match géint Tottenham mat 0:2 verluer, ma hu si och an der 40. Minutt duerch de Gündogan en Eelefmeter laanscht geschoss. Wier dat net schonns genuch, sou krut den Zinchenko an der 60. Minutt och nach eng giel-rout Kaart. Manchester City hat iwwert de ganze Match gekuckt wuel méi Chancen, ma hate si d’Gléck net op hirer Säit. Duerch dës Victoire ka Liverpool de Virsprong un der Spëtzt vun der Tabell eng weider Kéier ausbauen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - AC Florenz 3:0
1:0 Ronaldo (40'), 2:0 Ronaldo (80'), 3:0 De Light (90'+1)

Juventus Turin hat an der 1. Hallschent wuel méi Ballbesëtz, ma hu si mat dëser Iwwerleeënheet net wierklech eppes wossten unzefänken. Sou waren et Gäscht, déi an der 22. Minutt déi beschte Chance an deenen éischte 45 Minutten haten, ma de Szczesny huet de Ball konnte paréieren. Kuerz virun der Paus krut Juventus dunn een Eelefmeter, deen de Ronaldo äiskal verwandelt huet. Och an der 2. Hallschent krut Juventus Turin alt erëm een Eelefmeter zougesprach. De Ronaldo huet per Punkt op 2:0 erhéicht. An der Nospillzäit war et dunn den de Light, deen de Schlusspunkt an dëser Partie gesat huet.

© AFP

AC Mailand - Hellas Verona 1:1
0:1 Faraoni (13'), 1:1 Çalhanoğlu (29')

Lazio Roum - SPAL 5:1
1:0 Immobile (3'), 2:0 Caicedo (16'), 3:0 Immobile (29'), 4:0 Caicedo (38'), 5:0 Adekanye (58'), 5:1 Missiroli (65')

De Favorit vu Roum huet SPAL äiskal erwëscht. No 3 Minutten huet de Stiermer vu Lazio, den Immobile, dem Berisha am Gol vu SPAL keng Chance gelooss, an de Ball an de Filet gesat. Lazio Roum war de ganze Match iwwer sengem Géigner méi wéi e Schratt viraus, a sou stoung et an der Paus schonns 4:0 fir d’Lokalekipp. Nom Téi huet Roum de Match weider dominéiert a ka sech no 90 Minutte kloer mat 5:1 behaapten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

FC Metz - AS Saint-Étienne 3:1
1:0 Nguette (44'), 2:0 Diallo (63'), 3:0 Nguette (70'), 3:1 Hamouma (89')

Am Kellerduell an der Ligue 1 huet den FC Metz mat der 3:1-Victoire ganz wichteg 3 Punkte konnte feieren. Louch de Spillstand an der Hallschent bei 1:0, huet d’Lokalekipp an deenen zweete 45 Minutte weider gutt no vir gespillt, an de Score op tëschenzäitlech 3:0 gesat. Metz wënnt mat 3:1 géint Saint-Étienne.

De Resumé vum Match a Reaktioune fannt Dir bei eise Kolleege vum 5minutes.

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Sevilla - Deportivo Alavés 1:1
0:1 Joselu (70'), 1:1 Ocampos (77')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO