
Dat heescht, datt d’Jenny Warling e Samschdeg net ëm de Weltmeeschtertitel kämpfen däerf, mä just fir déi 3. Plaz. D’Lëtzebuerger Karateka gouf e Mëttwoch an der Halleffinall disqualifizéiert, well hir amerikanesch Géignerin sech um Aarm blesséiert hat.
No der Disqualifikatioun op der Karate-WM zu Dubai ass awer elo nach ëmmer d’Bronzemedail méiglech. Och dat wier ee risege Succès. Fir de President vun der Karate-Sektioun vun der FLAM, den Ulrich Nelting, hannerléisst déi ganz Situatioun awer e batteren Nogeschmaach.
“Wann et vu vir eran ëm déi 3. Plaz gaange wier, da wiere mir alleguerte begeeschtert gewiescht. Lo ware mir nach méi begeeschtert, datt hatt an der Finall stoung. Lo huet et de Bäigeschmaach: Firwat ass dat passéiert? Protest hin an hier. Déi immens Leeschtung vum Jenny geet dobäi ënner. Et huet souverän déi verschidde Ronne gekämpft. Elo huet dat Ganzt ee fade Bäigeschmaach a bei him warscheinlech eng immens Trauer, wat ech och verstoe kann. Mir sinn den Ament alleguerte bëssen down...”
D’Jenny Warling kämpft e Samschdeg ëm d’Bronzmedail.
Wat war geschitt? Artikel vum 17. November 2021