KarateJenny Warling esou no drun un Tokio an dach esou wäit ewech

Franky Hippert
Tom Hoffmann
Et sollt net si fir déi Lëtzebuerger Karatekae mat enger Participatioun bei den Olympesche Spiller zu Tokio.
Jenny Warling verpasst Olympesch Spiller zu Tokio knapp
D’Lëtzebuergerin huet beim decisiven Tournoi d’Qualifikatioun net gepackt.

Kee vun de 4 FLAM-Sportler konnt sech de Weekend zu Paräis um Qualifikatiounstournoi den Ticket fir d’Olympesch Summerspiller zu Tokio sécheren. Am noosten dru war déi fréier Europameeschterin Jenny Warling.

Jenny Warling verpasst Olympia / Reportage Franky Hippert

No 4 Victoiren an zwou Defaitë koum déi 27 Joer al Karateka op déi 5. Plaz an der Kategorie bis 55 Kilo. Et hu sech awer just déi 3 éischt fir d’japanesch Haaptstad qualifizéiert. Dat ass natierlech ganz sauer, d’Jenny Warling:

“Den éischte Moment war ech natierlech enttäuscht, ech hunn och e bësse gekrasch. Am 2. Moment war ech awer zefridde mat mir selwer, ech hunn alles ginn.”

Et war schonn e spezielle Modus no deem zu Paräis um Qualifikatiounstournoi gekämpft gouf:

“Et ass esou schnell weidergaangen. Soubal deen ee Match eriwwer war, huet ee sech scho fir den nächste misste prett maachen.”

6 Matcher op engem Dag ass schonn intensiv, dobäi hat d’Jenny Warling och nach eng am drëtten erwëscht:

“Jo ech hunn alles wéi, och meng Nuecht war net besonnesch. Konditionell hat ech keng Problemer, d’Bee sinn awer schwéier ginn. Ech hat mäin Ielebou och iwwerdeent.”

Fir déi fréier Europameeschterin ass et ëm esou méi batter, well de Karate bei den nächsten Olympeschen Summerspiller an 3 Joer zu Paräis nees net méi um Programm steet.

D’Kimberly Nelting, d’Pola Giorgetti an den Jordan Neves goufen an hire Kategorien all Kéier direkt am 1. Tour eliminéiert.

Back to Top
CIM LOGO