AlabamaJenny Warling iwwer seng 4. Plaz bei de World Games zu Birmingham

RTL Lëtzebuerg
Esou just laanscht eng Medail an awer ganz zefridden, esou ass d'Jenny Warling vun de World Games, dem Sportevent fir net-olympesch Sportaarten, heem komm.
D'Jenny Warling mam Nationaltrainer Raphael Veras op de World Games zu Birmingham am US-Bundesstaat Alabama.
D’Jenny Warling mam Nationaltrainer Raphael Veras op de World Games zu Birmingham am US-Bundesstaat Alabama.

Jenny Warling World Games / Rep. Frank Hippert

Olympiagewënnerin, Weltmeeschterin, zweet an der Weltranglëscht an esou weider. Alles, wat Rang an Numm an dëser Kategorie am Karate huet, war do. An der Gruppephas krut d’Jenny Warling et direkt mol mat der Goldmedailegewënnerin vun den Olympesche Summerspiller vun Tokyo ze dinn:

“D’Ivet Goranova an ech hunn nach ni virdru géint hat gewonnen. Et huet mech houfreg gemaach, lo mol eng Kéier géint hatt ze gewannen.”

No zwou Victoiren, engem Remis an enger Defaite krut déi 28 Joer al Karateka vum KC Walfer et du mat enger aler Bekannter aus Amerika ze dinn. Op der leschter Weltmeeschterschaft hat d’Lëtzebuergerin géint déi Géignerin no enger méi wéi ëmstriddener Decisioun vum Weltverband, d’Finall verpasst:

“Jo genee dat ass d’Trinity Allen gewiescht, géint dat ech an der Halleffinall op der WM verluer hat. Hatt ka jo net dofir, fir dee Protest deemools. Lo hei war et erëm komesch gaangen.”

Um Enn huet sech d’Jenny Warling elo och op de World Games zu Birmingham an den USA misse mat der 4. Plaz zefridde ginn:

“Et war e bësse schued, datt ech d’Medail esou just verpasst hunn. Mech mécht awer och frou, datt ech ka soen, datt ech alles ginn hunn, a gutt gekämpft hunn.”

Fir déi fréier Europameeschterin sinn d’World Games awer schonn eppes Aneschtes wéi eng Weltmeeschterschaft:

Et ass schonn e bëssen en anere System hei. Et kënnt op d’European Games eraus, just datt et hei nach méi schwéier ass, well d’ganz Welt do ass.”

A propos World Games: Dëst Multi-Sport-Evenement fir net-olympesch Sportaarten huet dem Jenny Warling bei hirer Première richteg gutt gefall:

“Et war och eng Éier fir mech, fir ze gesinn, datt ech zu deene Beschten op der Welt gehéieren.”

Lo erhëlt sech d’Sportlerin vum Joer 2014 emol, da geet et an d’Vakanz a Mëtt August fänkt dann nees den Training un.

World Games: Jenny Warling verléiert Duell ëm d’Bronzemedail

Back to Top
CIM LOGO