
Si huet nämlech mam Team MTV1846 Ludwigsburg E.V. (Baden-Württemberg) all hir 5 Matcher gewonnen. Ludwigsburg koum a senger Grupp (G2) op déi 1. Plaz - de 27. September ass zu Berlin d’Réckronn an de 24. Oktober zu Hagen d’Playoffen.
Am Ganze si bei den Dammen 12 Ekippen ageschriwwen (jee 3 Kämpferinnen), an 2 Gruppen ënnerdeelt, wou an all Grupp jiddwer Team géint jiddwer Team kämpft (Round Robin).
1. Match
Jenny Warling - ‘Weimar’ (Charlotte Grimm ass d’lescht Woch beim K1 Salzburg dat 5. ginn an der Kategorie +68kg): 3-3
2. Match
Jenny Warling - ‘Nippon Bremen': 8-0
3. Match
Jenny Warling - ‘Dietzenbach': 7-0
4. Match
Jenny Warling - ‘Kempen’ : 6-3 (virum Enn vum Match: Abandon vun der Géignerin)
5. Match
Jenny Warling - ‘Garching': 9-0
Enn September geet et weider.