European GamesJenny Warling schafft u Comeback, fir bei Juni zu Krakau dobäi ze sinn

Franky Hippert
Tom Hoffmann
Et gesäit esou aus, wéi wann d'Jenny Warling et awer nach packt op den Europaspiller, déi vum 21. Juni bis den 2. Juli zu Krakau a Polen sinn, fit ze ginn.
Jenny Warling schafft u Comeback fir European Games
No zwee Kräizbandrëss schafft d’Lëtzebuerger Karateka elo un hirem Comeback.

D’Jenny Warling kann no hirem Kräizbandrëss nees trainéieren. An deenen nächsten Méint steet awer elo nach en intensiven Return-to-Sport um Programm, fir sech op d’European Games kënne virzebereeden. D’Europaspiller, déi vun Enn Juni bis Ufanks Juli zu Krakau an Polen organiséiert ginn, waren een Objectif, dee sech d’Karateka fixéiert hat. Et war jo net kloer, ob Jenny Warling wéinst hirer Verletzung un dem groussen Event iwwerhaapt kéint deelhuelen. Ma elo huet d’Sportlerin aus dem Elitekader Gewëssheet. D’Erliichterung ze wëssen, dass Jenny Warling net nëmmen fir d’European Games qualifizéiert ass, mee och kämpfe kann, war grouss.

D'Jenny Warling
Et gesäit esou aus, wéi wann d’Jenny Warling et awer nach packt op den Europaspiller, déi vum 21. Juni bis den 2. Juli zu Krakau a Polen sinn, fit ze ginn.

Den Return to Sports Programm vum LIHPS, wou d’Jenny Warling perfekt encadréiert gëtt, hëlleft, fir sech op dëse Rendez-vous kënnen virzebereeden.

D'Jenny Warling (2)
Et gesäit esou aus, wéi wann d’Jenny Warling et awer nach packt op den Europaspiller, déi vum 21. Juni bis den 2. Juli zu Krakau a Polen sinn, fit ze ginn.

Fir d’European Games si fir den Karateka an der Kategorie vum Jenny Warling (-55 Kilo) just déi 8 bescht aus Europa selektionéiert.

Jenny Warling schafft u Comeback / Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO