Et sollt just net duergoe fir d’Jenny Warling. D’Lëtzebuerger Karateka huet d’Olympesch Summerspiller beim Qualifikatiounstournoi zu Paräis e Freideg ganz knapp verpasst. Déi 27 Joer al fréier Europameeschterin kënnt an hirer Kategorie bis 55 Kilo um Enn op déi 5. Plaz. Et hu sech awer just déi 3 éischt den Ticket fir Tokio kënne sécheren.
5:1 Widad Draou (ALG)
1:0 Rose Wanjiku (KEN)
3:1 Ranran Li (CHN)
1:0 Alexandra Rechhia (FRA)
0:1 Moldir Zhangbyrbay (KAZ)
Repechage
2:4 Ivet Goranova (BUL)