KarateJenny Warling zitt e positive Bilan vun der Saison 2022

RTL Lëtzebuerg
Am Karate war d’Joer 2022 fir d’Jenny Warling eng extraordinär Saison.
Karateka Jenny Warling bléckt op 2022 zréck
Et war e staarkt Joer fir déi 2. gewielt Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer.

Et ass zwar keen groussen Titel erausgesprongen, wéi zum Beispill 2019, wou d’Karateka vum KC Walfer Europameeschterin ginn ass, ma d’Participatioun un de World Games zu Birmingham an den USA war en Highlight.

D’Karateka vum KC Walfer hat sech fir dësen elitären Tournoi zu Birmingham qualifizéiert, wou nëmmen 8 Athletinne mat dobäi waren. E Privileeg an eng Belounung fir déi gutt Leeschtunge vun der Saison. Enttäuscht war déi 28 Joer Jonk Athletin awer net, dass nëmmen eng 4. Plaz erausgesprongen ass.

Ech hu wierklech gutt Kämpf gemaach. Et ass dann awer e bëssen traureg, wann ee mat eidelen Hänn heemkënnt, mee iwwerhaapt op de World Games ze starten, dat war schonn eng enorm Erfarung. Do war Crème de la Crème, dat heescht, iwwerhaapt do Matcher ze gewannen ass schonn gutt.

E battere Bäigeschmaach hannerléisst d’Weltmeeschterschaft zu Dubai. D’Jenny Warling war no un enger Podiumsplaz drun, mee d’Lëtzebuergerin gouf bei enger Aktioun responsabel gemaach, dass d’Géignerin sech blesséiert huet, d’Konsequenz war eng Disqualifikatioun. Et huet eng Zäit gedauert, bis déi Enttäuschung verdaut war.

Ech hunn dunn 1 Mount laang kee Karate gemaach an ech wollt einfach e bësse Paus hunn. Et ass nach ëmmer en Zil vu mir, eng Medail op enger Senior-Weltmeeschterschaft ze maachen, mee elo denken ech mir, wie weess wat soss komm wier, vläicht hätt ech da gesot, meng Karriär wier fäerdeg, mee esou hunn ech nach ëmmer en Zil, wat ech wëll erreechen.

D’Jenny Warling spillt also mam Gedanken, de Kimono un den Nol ze hänken. Wéini wier et dann esouwäit?

Ech setze mir keen Datum. Nächst Joer si European Games, wou ech well mat dobäi sinn an Enn nächst Joer nach d’Weltmeeschterschaft. Bis dohi geet elo mäin Plang. An dann hänkt et natierlech och dovunner of, wéi et kierperlech weidergeet, mee meng Planung ass elo emol bis WM.

Virun der Weltmeeschterschaft stinn awer nach d’European Games zu Krakau um Programm. D’Participatioun ass nach net an dréchenen Dicher, mee ee vun den Objektiver fir d’Joer 2023.

Back to Top
CIM LOGO