FuttballJesse Marsch gëtt neien Trainer vun RB Leipzig

RTL Lëtzebuerg
RB Leipzig huet 24 Stonnen no der Annonce, datt de Julian Nagelsmann de Veräin Enn der Saison verléisst, en neien Trainer fonnt.
© AFP

Den Jesse Marsh soll dem Kicker no Successeur vum Nagelsmann ginn, dee jo an Zukunft zu München op der Trainerbänk wäert sëtzen. Den US-amerikaneschen Trainer huet eng Offer vun Tottenham ofgeleent a sech elo da fir Leipzig decidéiert.

Den Jesse Marsch souz bis ewell zu Salzburg op der Trainerbänk.

Back to Top
CIM LOGO