
Mir hate jo gemellt, datt hannert de Kulissen op der Grenz schonn en neien Trainer gesicht gëtt. Ee vun de Kandidate soll de Markus Weiss sinn, deen dës Saison nach bei Mäertert-Waasserbëlleg un der Säitelinn stoung.
Nieft der Nouvelle vum Tosi hunn déi Schwaarz-Wäiss op hirem Internetsite awer och nach matgedeelt, datt d’Zesummenaarbecht mam Pascal Molinari beim Rekordchampion eriwwer ass. De Molinari, Fils vum fréiere President vu Metz Carlo Molinari, deen och Spillervermëttler war, war eng Zort General Manager bei der Jeunesse.