Véierelsfinallen an der Champions LeagueJiddereng vun den 8 Ekippen huet nach d'Chance op d'Weiderkommen

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch ginn an der UEFA Champions Laegue d'Retourmatcher vun de Véierelsfinalle gespillt.
Champions League: De Paul Philipp iwwer d'Réckmatcher vun de Véierelsfinallen
Jiddereng vun den 8 Ekippen huet nach d’Chance op d’Weiderkommen.

D’lescht Woch goufen et an den Allersmatcher ganz enk Dueller, déi och 7 Deeg drop Spannung verspriechen. Momentan huet nach all Ekipp eng realistesch Chance fir weiderzekommen. Den FLF-President Paul Philipp huet d’Matcher am Virfeld analyséiert.

En Dënschdeg kritt Borussia Dortmund et mat Atlétcio Madrid ze dinn. De BVB huet sech virun enger Woch 1:2 auswäerts zu Madrid musse geschloe ginn. Allerdéngs ass virum eegene Public doheem zu Dortmund nach alles méiglech.

Am anere Match vum Dënschdeg trëtt Barcelona doheem op de PSG. D’Ekipp ronderëm de Kylian Mbappé huet de leschte Mëttwoch mat 2:3 de Kierzere gezunn a wäert elo auswäerts bei de Katalanen eng Schëpp mussen dropleeën.

E Mëttwoch huet da Bayern München Arsenal op Besuch. Nom 2:2 aus dem Allersmatch zu London ass fir dës Partie nach alles op. Allerdéngs mussen d’Bayern op déi Blesséiert Gnabry a Coman an de gespaarten Davies verzichten.

Donieft spillt Manchester City e Mëttwoch doheem géint Real Madrid. Et war fir vill Leit déi virgezunne Finall. Den intensiven 3:3-Remis am Allersmatch huet och all d’Erwaardungen erfëllt. Den FLF-President Paul Philipp schätzt City awer een Tick manner staark a wéi d’lescht Saison.

RTL iwwerdréit d’Matcher Dortmund-Atlético a Bayern-Arsenal live op der Tëlee, op RTL.lu an an der App.

Back to Top
CIM LOGO