400 Leefer dobäiJil Weicherdeng geet als Vainqueur aus dem 39. Silvesterlaf eraus

RTL Lëtzebuerg
Aus de 400 Leefer a Leeferinnen, déi um 39. Silvesterlaf dobäi waren, konnt de Jil Weicherdeng als Gewënner erausstiechen.
Jil Weicherdeng Vainqueur vum 39. Silvesterlaf
Aus de 400 Leefer a Leeferinnen, déi um 39. Silvesterlaf dobäi waren, konnt de Jil Weicherdeng als Gewënner erausstiechen.

Um leschten Dag vum Joer hat de Justin Gloden de Bauch wéi. Gäre wier de fréiere Champion, deen nach 9 national Rekorder huet, mat deene ronn 400 Leefer a Leeferinnen um Depart vum 39. Silvesterlaf gewiescht. Eng Verletzung um Réck huet dem 69 Järegen e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

15 Mol war hien zu Rammerech um Depart, 4 Mol gewonnen a soss nach riets a lenks op Silvesterleef ënnerwee. D’Participatioun un der Silvester Corrida zu Rio bleift an der Kategorie vun den Dreem.

De Virus vun der Passioun fir de Sport stécht an der Famill. D’Duechter Jenny ass eng vun de beschten Damme bei eis am Ländchen an de Jeff, deen e Samschdeg wéinst enger Erkältung net um Depart war, mécht nieft de Lafcoursse Cyclocross a Mountainbike. De geléierte Schräiner ass och Hobby Sportsfotograf. Beim Justin Gloden stécht d’Passioun fir d’Lafen nach ëmmer déif an der Séil.

Als féieren CELTIC’s Comitésmember konnt de Justin dem Jil Weicherdeng als Vainqueur applaudéieren a säi Brudder Charel als 2. virum Christophe Kass. D’Jenny Gloden huet d’Course bei den Damme gewonnen. Dräi Gloden um Depart dat wier dach eng fir déi 40. Editioun.

Back to Top
CIM LOGO