
Den 29 Joer ale Cancelo war vu Manchester City ausgeléint ginn. D’Bayern hätten e fir 70 Milliounen Euro och kafe kënnen, wat se awer net gemaach hunn. Fir hie geet et dann elo mol zeréck bei Manchester City, wou hien nach e Kontrakt bis 2027 huet.
Nodeems de Lucas Hernandez sech Kräizbänner gerass hat, gouf am Januar 2023 den Hollänner Daley Blind vun Ajax Amsterdam kaf. Hie konnt sech bei de Bayern awer net duerchsetzen. Säi Kontrakt leeft elo aus a gëtt net verlängert. Fir de Blind soll et elo op Girona an déi spuenesch Liga goen.