
Et ass den deiersten Transfert an der Geschicht vum Veräin aus der spuenescher Haaptstad. Ni virdrun hu si esou déif an d’Täsch gegraff, fir ee Spiller bei sech ze lackelen.
Den 19 Joer ale Portugis huet d’lescht Saison virun allem an der Europa League op sech opmierksam gemaach. Elo soll hie bei de Spuenier ee Kontrakt bis 2023 ënnerschriwwen hunn.
De Rekord-Transfert bis heihinner vun Atletico war den Thomas Lemar, deen 72 Millioune kascht hat.
De jonke Portugis soll an Zukunft wuel den Antoine Griezmann ersetzen, deen de Veräin jo wuel verloosse wäert.