
De Joé Kurt war de Weekend bei der éischter Manche vun der World Paratriathlon Series zu Devonport an Australien am Asaz. De Lëtzebuerger huet sech als 8. klasséiert a sech domadder wichteg Punkten en vue vun enger méiglecher Olympia-Qualifikatioun geséchert.
LINK: Resultat vun der World Paratriathlon SeriesOp der nämmlechter Plaz war och de Stefan Zachäus um Depart. Hien huet sech bei enger Manche vum Oceania Cup iwwert déi kuerz Distanz als 4. klasséiert.