Däitschen NationaltrainerJogi Löw mat Duerchbluddungsstéierungen am Spidol

RTL Lëtzebuerg
Ewéi et aus däitsche Medien heescht, wier den däitschen Nationaltrainer Jogi Löw mat Duerchbluddungsstéierungen an d'Spidol bruecht ginn.
© AFP (Archiv)

Zu dësen Duerchbluddungsstéierunge wier et no enger Blessur beim Training komm. Den 59 Joer ale Löw läit aktuell an der Uni-Klinik zu Freiburg. Deemno wäert hien och déi zwee kommend Lännermatcher verpassen.

Dem Bundestrainer wier virun e puer Woche beim Training eng Hantel op de Broschtkuerf gefall. Ufanks hätt een dëst net eescht geholl, elo misst en awer behandelt ginn. Medie mellen, dass eng Operatioun awer wuel net néideg wier.

Back to Top
CIM LOGO