BiathlonJohannes Dale wënnt am Massestart, Podium komplett an norwegescher Hand

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg gouf et am Biathlon beim Massestart iwwer 15 Kilometer zu Annecy eng Victoire vum Johannes Dale aus Norwegen.
© AFP (Archiv)

Hie gewënnt viru sengen zwee Landsmänner Sturla Holm Lægreid a Johannes Thingnes Bø. Den Dale konnt sech an der leschter Montée decisiv ofsetzen a realiséiert domat déi zweet Victoire a senger Karriär. Déi véierte Plaz goung un de Fabien Claude. Op d’Plaze 5 a 6 sinn op en Neits zwee Norweger komm.

Bei den Damme konnt sech d’Lisa Hauser am Massestart iwwer 12.5 Kilometer zu Annecy a Frankräich behaapten. Déi zwou Fransousinne Julia Simon an d’Anaïs Chevalier-Bouchet sinn dobäi op d’Plazen 2 an 3 komm.

Back to Top
CIM LOGO