
Iwwer 12,5-km huet de Norweger Johannes-Thingnes Bö bei den Hären mat enger beandrockender Lafleeschtung d’Poursuite beim Biathlon-Weltcup am franséischen Annecy fir sech entscheet. No engem Schéissfeeler hat den Norweger am Zil e Virsprong vun 22 Sekonnen op de Fransous Quentin Fillon-Maillet. 1 Minutt hannert dem Gewënner ass mam Vetle Sjarstad Christiansen e weideren Norweger op de Podium gelaf.
De Gewënner vum Sprint, den däitschen Benedikt Doll, ass um Enn op déi 13. Plaz komm.
Bei den Dammen stoung Tiril Eckhoff ganz uewen um Podium. Norwegerin huet sech an der 10-km Poursuite virum Ingrid Tandrevold an der Schwäizerin Lena Häcki duerchgesat. Fir Tiril Eckhoff war et déi 3. Victoire um Stéck.