Futtball: 1/8-Finallen an der Coupe des DamesJonglënster muss géint Beetebuerg erun, Racing géint d'Fiels

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend war den Tirage vun den Aachtelsfinalle vun der Coupe des Dames.

Den Titelverdeedeger Racing kritt et hei mat der Fiels ze dinn, d’Entente Izeg/Cebra kritt Besuch vum FC Mamer. D’Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher muss géint Nidderkuer erun, d’Entente Déifferdeng/Luna Uewerkuer spillt géint den SC Ell. D’Damme vu Rëmeleng musse géint d’Entente Uelzechtdall untrieden, d’Escher Fola trëfft op Wëntger an Hesper kritt Besuch vun Dikrech. De Spëtzematch an dëser Ronn dierft de Match Jonglënster géint Beetebuerg sinn.

Da war och nach den Tirage vun de Véierelsfinall an der Coupe am Futsal. Hei spillt Colmer-Bierg géint Uespelt, Déifferdeng géint ALSS Lëtzebuerg, de Racing géint Klierf an d’Miseler Léiwe géint Suessem.

Back to Top
CIM LOGO