U21-EM-QualifikatiounJonk Rout Léiwe kommen an England ënner d'Rieder

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp huet en Dënschdeg an der EM-Qualifikatioun am Toughsheet Community Stadium zu Bolton 0:7 géint England verluer.

Hir Alterskolleege vun der Insel waren der Formatioun vum Trainer Dan Huet iwwer wäit Strecken iwwerleeën. Et muss een awer betounen, datt bei den Englänner eng ganz Partie Spiller dobäi waren, déi scho vill Erfarung an der englescher Premier League sammele konnten. De Rogers, de Madueke, den Iling Junior hunn duebel getraff an de Bynoe-Gittens eemol.

Back to Top
CIM LOGO