U21: EM-QualifikatiounsmatchJonk Rout Léiwen ouni Chance géint staark Schweden

RTL Lëtzebuerg
An der Paus war Lëtzebuerg scho mat 0:3 hannen. Nom Téi si keng Goler méi gefall.
© Cliff Block

Zu Déifferdeng sinn déi jonk Rout Léiwen en Dënschdeg den Owend virun 375 Spectateuren am Grupp 1 géint hir Alterskollegen aus Schweden ugetrueden. No der duerchaus onglécklecher 0:2-Defaite vu Lëtzebuerg leschte Freideg géint Armenien goung et am 1. Heemmatch géint d’Skandinavier.

Lëtzebuerg - Schweden 0:3

Schweden, déi virun dëser Partie just op Plaz 4 an der Tabell stoungen, hu sech keen Ausrutscher géint d’FLF-Formatioun erlaben. Déi jonk Rout Léiwen hu sech deemno op ee Géigner misse virbereeden, deen immens kierperbetount agéiert.

An der 1. Hallschecht goung et hin an hier, ma et waren awer d’Gäscht aus Schweden, déi liicht Iwwerwaasser haten. No 22 Minutten krut Schweden een Eelefter zougeschriwwen, deen de Kulusekvski verwandele konnt. Genee 10 Minutte méi spéit huet de Larsson, no Virbereedung vum Kulusekvski, den 2:0 geschoss an dat war nach net d’Pauseresultat. Dat huet de Larsson nämlech 3 Minutte virum Téi op 3:0 gesat!

No der Paus hu sech Goler op der Säit vun de Schweden rar gemaach. Och d’Ekipp vum U21-Nationaltrainer Manuel Cardoni konnt am Stadion zu Déifferdeng net markéieren. Esou ass d’Partie no 90 Minutte verdéngt mat 3:0 fir d’Gäscht op en Enn gaangen.

Back to Top
CIM LOGO