
No ronn 17 Méint muss de portugiseschen Trainer deemno de Veräin aus der englescher Haaptstad nees verloossen. De Mourinho hat 2019 de Poste vum Mauricio Pochettino iwwerholl.
D’Spurs leien an der Tabell 5 Punkten hannert der Plaz 4 an der Tabell a riskéieren domat, net an d’Champions League ze kommen.
Fir de Mourinho, deem säi Kontrakt bis 2023 hätt solle goen, ass et schonns den drëtte Licenciement hannerteneen an der Premier League.
Wéi den “Telegraph” mellt, soll de Ryan Mason bis Enn der Saison iwwerhuelen.