
De Jose Mourinho iwwerhëlt déi nächst Saison den italieneschen Traditiounsveräin AS Roum. De Portugis, dee scho vun 2008 bis 2010 mat Inter Mailand an der Serie A geschafft an den Triple gewonnen hat, gëtt Successeur vum Paulo Fonseca.
De Mourinho huet ee Kontrakt bis 2024 ënnerschriwwen.