
Aus dem däitsche Futtball ass et d’Nouvelle, datt de Bundestrainer Julian Nagelsmann säi Kontrakt fréizäiteg bis 2026 verlängert huet. Dës Decisioun huet den DFB 56 Deeg virum Ufank vun der Heem-EM de 14. Juni bekannt ginn.
Am Mäerz hat Däitschland de Vize-Weltmeeschter Frankräich mat 2:0 geklappt. Dëst Resultat dierft um Enn och déi lescht Zweiwler vum Nagelsmann sengem Wee iwwerzeegt hunn.
Et wier fir hien eng grouss Éier, d’Nationalekipp ze trainéieren a mat de beschte Spiller vum Land schaffen ze dierfen, sou den Nagelsmann. Gemeinsam wéilt een elo eng erfollegräich Heem-EM spillen. Duerno géing hie sech gemeinsam mat sengem Trainerteam op d’Erausfuerderung vun der Weltmeeschterschaft freeën.
An zwee Joer ass d’Weltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada.